Was die Leute sagen...
-
Léift Danièle,
Mir geet et ganz gutt. Ech fillen mech befreit vun alen Laaschten a wéi wann ech mäi Wee lo vill méi relax an entspaant ka goen. Ouni dauernd am Alarmmodus ze sinn a komplett erschëpft an ausgelaugt.
Ech hunn eis gemeinsam Séance einfach immens fonnt, ech war entspaant, trotz schwéieren Themen, hu mech komplett wuel gefillt a gutt betreit vun dir. Du bass einfach super!!! Mëss deng Aarbecht mat Passioun, Kompetenz, Souveränitéit an bass professionell an mënschlech zugläich. Bravo!!!
Schéin, datt et dech gëtt. 🌻💛✨
-
Moien Danièle,
Ech wëll dir matdeelen, dass et mir richteg gutt geet nom leschte Freideg. Ech hunn en anert Liewensgefill, Liewensfreed einfach esou, scho moies, wann ech waakreg ginn😍.
Ech sinn dankbar fir deng wäertvoll Hëllef❤️🙏
All Léiwes🪷 -
Hallo Danièle!
Good news: ech hunn zanter, datt ech bei dir war 2 kg ofgeholl. Einfach esou, ouni eppes Extras ze man🤗, dat mam „Lassloossen“ klappt👍🏻💪🏻🤗.
Ech fannen och, datt eist Meedchen trotz dem ganze Stress, deen et am Moment huet, viiiiill mi relax ass wi soss (och wann et heiansdo bësse granzt🤪😂) - an ech selwer fille mech och mi relax (a ka besser lassloossen)
Dir nach eemol en décke MERCI 🙏🏻😘
-
Guten Morgen liebe Danièle,
einfach noch mal von ganzem Herzen Danke für das enorme Geschenk, das du mir gemacht hast. Die Sitzung hat schon ganz viel bewirkt: Den Ellbogen spür ich schon gar nicht mehr, das Knie fast nicht mehr. Noch mal herzlichen Dank.
-
Dear Daniele.
I feel so different today. Thank you so much ❤️Thank you so much! It’s really incredible how it works. And you are just made for it. ❤️❤️❤️
-
Yeahhh,
mäi Jong huet dës Nuecht an engem Schapp geschlof, just mat senge Kolleegen. Merci Danièle ❤️💪🫶
-
Et spiert een, dass du 100% gëss, a mat Leif a Séil derbäi bass. Ech fillen, datt ech mech bei dir voll Vertraue ka fale loossen a mech op de Prozess aloossen. Dat ass nëmme méiglech, well s du kompetent bass an deng Methode beherrschs an dat straals du aus.
-
Hallo Daniele,
Villmools merci nach eng Kéier fir eis Sessioun:) Ech hu wierklech d'Gefill, dass et mir gehollef huet. Ech spieren elo net méi sou eng Absence vu Gefiller an hunn net méi d'Gefill engem Muster ze verfalen.
-
Léift Danièle,
Mir geet et gutt, ech schlofen nach ëmmer gutt, et ass echt, no eiser Seance hat ech zwee Deeg vill Gespréicher, an et ass, wéi wann ech villes lo mat méi Ofstand kéint kucken. Ech mierken, dass ech méi roueg mat Themen a Situatiounen ëmgoe kann a besser denke kann.
-
Ee schéine Feedback vun engem léiwe Meedchen:
Gutt datt ech beim Danièle war. An der Paus huet ee Meedchen mech ugebläert, ech géif net fair spillen, obwuel ech fair gespillt hunn. Dunn hunn ech un d’Eidechs geduecht a gesot: “Wann s du wëlls jäizen, da jäiz, mä et ass net meng Schold, well ech spille fair.” Ouni d’Danièle hätt ech dat net fäerdegbruecht.
-
Gudden Owend,
Eisem Meedche geet et besser…. An der Schoul leeft et och bësse besser. Mat den Aufgaben ass et net méi sou den Drama… vläicht well et méi séier ginn ass, vläicht hëlt hatt et besser un. Ech soen iech vill-villmools Merci. Duerch Är Approche a wéi Dir mam Kand geschwat hutt, koumt Dir un hatt erun. Well datt hatt sech bei iech ausgeschwat huet, ass scho mol wichteg. Hatt mécht dat bei aneren net sou, well hatt u sech ee ganz zréckhalend Meedchen ass.
-
Ech soen Iech villmools Merci, ech wäert bestëmmt mol op Iech zréckkommen, wann ech et brauch. An op ärem Wee: Dir maacht alles richteg, a villmools Merci, datt Dir Iech doranner raknéit, well effektiv ginn et vill Kanner, wéi eis, déi net wierklech dramatesch Problemer hunn, an awer gëtt et keen, deen eis do ëmmer kann hëllefen. Dir hutt eis do awer wierklech scho vill gehollef.
-
Wat s du mëss, ass e Geschenk - an ech si frou wann ech deng Hëllef un anerer weidergi kann, sou datt et hinnen och besser geet, a si méi frou a méi liicht weiderliewe kënnen🥰
-
Gudden Owend Danièle .
Fir mech huet sech villes POSITIV verännert / entwéckelt .
Duerch deng wonnerbar Hëllef konnt ech munches, wat déif a mir sutz, verschaffen/verdauen .
Och ech sënn frou an dankbar, dass ech dech kennegeléiert hunn . 🤗
-
Bonjour,
Je pourrais vous dire que je me sens plus calme, moins stressée.
Je suis apaisée, j’ai l’impression de me sentir avec moins de poids sur mes épaules.
Le fait d’avoir compris le comportement de ma famille m’a permis de passer à autres choses.
Je ressens moins de culpabilité, après la séance je suis retournée au travail et je me suis rendu compte qu’à la fin il suffit d’avoir confiance en soi et tout peut se faire tranquillement.
-
Hei ee klenge Feedback:
Anstatt dass ech Roserei verspuert hunn, war et elo éischter Matleed a Léift, d.h. an deene méi schwéiere Momenter ware meng Gedanken éischter: Ech sinn do, mir packen dat zesummen, du bass sécher bei mir❤️
-
Gudde Moien,
Ech wollt just ee klenge Feedback ginn. Ech war jo virun ongeféier 3 Wochen do. Ech hunn direkt deen Dag no eiser Sëtzung gemierkt, datt ech manner ugespaant sinn an a méi schwéieren Situatiounen wierklech och mengem Kierper de Message gi kann, datt hien seng Aufgaben z.B. ootmen, Häerzschlag einfach weiderféiere soll… an dat deet mir gutt. Och de Gedanken, datt dat, iwwert wat ech mech grad opreegen, net iwwerliewenswichteg ass, ass och super, well dat hëlleft mir ee Stéck méi „cool“ ze bleiwen.
-
Hallo Danièle,
Et huet mir gutt gedoen, mat dir ze schaffen. Wou ech paff sinn, ass, dass de Mo sech berouegt huet. E brennt manner.
-
Hallo,
Ech wollt där just erzielen, datt eist Meedchen an der Vakanz op e Stage a Frankräich gefuer ass. Dat Ganzt huet 4 Nuechte gedauert, an do war elo absolut kee Problem a keng Diskussioun, et war wéi wann dat dat Normaalst vun der Welt wär.
Villmools Merci fir deng Aarbecht. -
Also, ich muss bestätigen, dass du den schönsten Beruf der Welt hast. Es ist Wahnsinn, wie erleichtert ich mich fühle. Manchmal denke ich, wo ist das alles hin? Eine Ruhe ist über mir gekommen, so gut!
Vielen Dank und alles Liebe von mir.
-
Ech wollt dir nach e klengen Feedback zu eisem Jong ginn, nodeems mir bei dir waren: Mir haten elo zweemol en Donnerwieder, wou mir doheem waren, an dat ass och ganz gutt gelaf. Hie war e bëssen ängschtlech, mee am Verglach zu deene Kéiere virdrun vill besser.
Hien ass souguer eng Kéier kuerz erausgaang, obwuel nach vill Loft a Reen war.
Villmools merci fir alles 🙂
-
Hallo Danièle,
Villmools Merci nach eng kéier fir Deng Hëllef!!
Ech probéieren am Alldag alles esou gutt wéi méiglech ëmzesetzen, wat s Du mir mat op den Wee ginn hues. Mäi Kapp ass elo definitiv méi kloer, ech kann nees kloer Gedanken faassen ouni duercherneen. Meng “Eidechs” hunn ech och +- am Grëff, se sëtzt op menger rietser Schëller a schléift meeschtens :))
Ech hunn och keen Häerzklappen méi a fillen mech am Allgemengen méi "roueg". Si ganz frou, dass ech bei Dir war.
-
Moien Danièle,
Mäi Meedchen huet seng Eidechs scho ganz dachs ënnert Kontroll; heiansdo béchst si nach aus, mä insgesamt geet et vill besser. D’Vakanz war jiddefalls ganz flott. Si gespaant wéi et geet wann d‘Schoul un ass.
-
Mäi Meedchen huet gëschter Owend zënter laangem mol rëm gelaacht a frou gewierkt an ass gutt ageschlof. Villmools Merci.
-
Bonjour,
Notre fils est beaucoup plus à l’aise avec les gens, nous sommes en vacances et d’habitude il reste avec son frère, mais cette année il reste tout seul sans soucis et discute facilement avec des inconnus.
Il est moins timide même avec la famille.
Il dit lui-même qu’il se sent mieux et ne se stresse pas d’aller à l’internat à la rentrée, il dit que cela va lui faire du bien.
Pour le travail il n’a pas d’appréhensions.
-
Mengem Jong ass et, säit mir bei dir waren, rëm séier besser gaang an hien ass rëm dee mir kennen. Bei dir wosst ech schonn no denger éischter Noriicht, datt mir richteg bei dir sinn. Du straals immens vill Léift a Sécherheet aus, an duerfir ass mäi Jong op alles agaang.
-
Et ass vill besser ginn, ech kann erëm besser léieren an hunn net méi déi Panik an Angscht.
-
Gudde Mëtteg Danièle
Jo, a mäin Alldag ass méi Liichtegkeet erakomm. Säit enger gudder Woch. Et huet sech effektiv eppes gedoen. Fir Hausaarbecht ze erleedege geet besser. Eppes liesen, verstoen, geet besser. Ech fille mech aneschters .
Du hues mir enorm vill gehollef, ech sinn immens frou, dass ech dech kennegeléiert hunn .
Mir geet et gutt, ech sinn dankbar dofir 🙏🏼. Sou hunn ech Kraaft a ka se deelen. Dat ass wichteg fir mech .
-
Ganz hervorragende Arbeit!
Ich kann hier wirklich nur loben und freue mich riesig, dass du so ein Talent bist! Du hast ein unglaubliches Gespür und dazu einen messerscharfen Verstand - eine perfekte Kombi! Mach weiter so!
